» 
 » 
Legotrip - Bopebistro



Текст песни Misc Unsigned Bands - Legotrip - Bopebistro

Legotrip - Bopebistro
Misc Unsigned Bands
www.legotrip.lu

Bopebistro - Legotrip
Kee Néon vrun der Dir
Kee Schëld an enger Rumm
Kee Parking fir d'Gefier
Dee Bistro hat kee Numm

Bei engem Humpen an enger Drëpp 
sëtzen d'Bopen um Stamminee beim Pëpp.
Bei engem Humpen an enger Drëpp 
sprangen d'Bopen dem Doud vun der Schëpp.

  4x
Haut steet do eng Bank,
A wa mir bis Bope sinn,
Eleng an aal a krank
Wou gi mir dann hin ?

      (x2)
Fir eisen Humpen a fir eis Drëpp 
Wou sëtze mir da wann et kee Pëpp méi gëtt ?
Fir eisen Humpen a fir eis Drëpp 
Wou sprange mir dann dem Doud vun der Schëpp ?

  4x
An d'Moral wann et eng gëtt,
Dir Meedecher a Jongen, 
Net ëmmer heescht de Fortschrëtt, 
Datt mer och viru kommen.

      (x2)
Drénkt mol en Humpen, drénkt mol eng Drëpp
Wéi deemools d'Bopen um Stamminee beim Pëpp !
Bei engem Humpen, an enger Drëpp -
Sprangt mat de Bopen dem Doud vun der Schëpp !
https://lyrics.primanota.net/misc-unsigned-bands/legotrip-bopebistro.htm